D'Fraën a Mammen aus der Gemeng Sëll bestinn zanter dem 14.01.1987.
Eis Haaptaktivitéiten sinn:
- de Bazar, deen all Joer um éischten Adventssonnden ofgehale gëtt
- an eist Mettegiessen, Enn Mäerz, Ufank Abrëll wou mir sonndesmëttes hausgemachte Menuen zervéieren.
An deenen 30 Joer wou d'Fraen a Mammen bestinn, ass vill geschafft ginn. Vill verschidde sozial Arriichtungen an Wierker konnte mam Erléis ënnerstëtzt ginn; souwuel hei am Land wéi awer och am Ausland.
An der Zäitspan vun 1987 bis haut, hu mir een Total vun 175.536,44 gespend.
Mir soe jidderengem villmols Merci deen eis duerch seng Ennerstëtzung erlaabt huet dës Donen ze maachen.