Historique 2021

D'Fraen- a Mammen aus der Gemeng Sëll bestinn zanter dem 14.01.1987 an ënnerstinn dem Zentralcomité vun de lëtzebuerger Fraen a Mammen, der ACFL. Et war d'Eliette Steffen-Antony wat 1987 e puer Dammen iwwerriet krut fir d'Fraen a Mammen ze grënnen. Vun der éischter Stonn un dobäi waren:

D´Eliette Steffen-Antony, Presidentin d´Milly Conter-Loser, Vize-Presidentin

D´Josée Heusbourg-Kieffer, Sekretärin d´Suzette Faber-Weisgerber, Caissière

D´Marie Hilgert-Ney, d´Emmy Sassel-Medinger an d´Noëlle Birkel-Claude, Memberen.


No engem Joer sinn déi Kaalmesser Fraen, déi zur Par Simmer gehéiert hunn, bäigetrueden a mat Freed opgeholl ginn. Si hu sech direkt voll integréiert a gutt matgeschafft.


Vun 2011 bis Dezember 2019 huet d'Fadila Cizeron-Guedra de Presidente Posten ausgefëllt an d’Eliette gouf zur Éiere-Presidentin ernannt. Säit Januar 2020 sinn mir op der Sich no enger neier Presidentin. D’Eliette huet den Interim iwwerhol.


An deenen éischte Joren goufe vill Handaarbechte gemaach an iwwer dat ganzt Joer gouf doheem gebitzt an och emol d'Woch, mëttwochowes, si mir zesummekomm fir ze schaffen. Mam Verkaf vun deenen Handaarbechten um Bazar hu mir e groussen Deel vum Erléis gemaach. 


Haut ass kaum nach Nofro do fir d´Handaarbechten, déi nei Generatioun vun eise Memberen huet elo den Akzent op Bastelaarbechten aus Holz an anere Materialie geluet.


Am Laf vun de Joren goufen verschidde Couren ugebueden:


E Cour fir Arrangementer aus gedrëchente Blummen ze maachen, e Floristikcour, Molen op Keramik, e Bitzcour an e Cour fir Frivolitéit.


Verschidden Ausflich hu mir och organiséiert.


Eis Haaptaktivitéiten waren an sinn nach ëmmer, de Bazar, deen all Joer um éischten Adventssonnden ofgehale gëtt an eist Mëttegiessen, Enn Mäerz, Ufank Abrëll wou mir sonndesmëttes hausgemaachte Menuen zervéieren.


Am Fréijoer 2015 an 2016 hunn d’Fraen a Mammen mat groussem Erfolleg e Konscht- an Handwierkermaart zu Sëll organiséiert. Den Erléis am Joer 2015 ass zum groussen Deel un den Télévie iwwerreecht ginn.


Et ass vill geschafft ginn an deenen 30 Joer wou d’Fraen a Mamme bestinn. Vill verschidde sozial Ariichtungen an Wierker konnte mam Erléis heivunner ënnerstëtzt ginn; souwuel hei am Land wéi  awer och an der Ukraine, an Indien an haaptsächlich an Afrika. D’Pateren Math. an Nic Hansen aus dem Congo konnte mat dëse Spenden ënner anerem eng Klinik an eng Maternité op- an ausbauen.

 

An der Zäitspan vun 1987 bis haut, hu mir follegend Hëllefswierker ënnerstëtzt:

 

HMC Réiden

23.166,87 €

Pateren M. & N. Hansen

102.244,78 €

En Häerz fir kriibskrank Kanner

2.500,00 €

Unicef

1.250,00 €

Instit. pour Infirm. Mot. Cérébr.

2.500,00 €

Education Différ. Warken

10.000,00 €

Fondation ESPOIR

1.250,00 €

Association Polyarthrite

2.500,00 €

Fondation Follereau

24,79 €

TéléVie

6.000,00 €

Dignity Asbl

6.250,00 €

Île aux clowns

3.250,00 €

Hëllef fir d´Ukraine - J. Paler

600,00 €

Tricentenaire

2.000,00 €

Fondation Cancer

2.000,00 €

Blëtz

2.500,00 €

ALAN

2.500 ,00€

Action pour un monde uni

5.000,00 €

TOTAL

175.536,44€

   
       
 

Mir soe jidderengem villmols Merci deen eis duerch seng Ënnerstëtzung erlaabt huet dës Donen ze maachen.


Mir wëllen d´Geleeënheet notzen fir en Opruff ze machen un all Fraen a Mammen aus der Sëller Gemeng:


„Hu dir Freed um Bastelen oder kënn dir gutt kachen?

Wëll dir e Bëssi vun ärer Fräizäit investéieren fir um Duerfliewen deelzehuelen oder am Comité matzeschaffen, da mellt iech bei engem Member vum  Comité.“


Heiriwwer géinge mir eis vill freeën.


Den aktuelle Comité besteet aus:


dem Eliette Steffen-Antony, Presidentin ff

dem Martine Ensch-Even, Sekretärin

dem Eliette Steffen-Antony, Éiere-Presidentin a Caissière

dem Fadila Cizeron-Guedra, dem Suzette Faber-Weisgerber, 

dem Annette Heusbourg-Conter, dem Danielle Schmit-Faber

an dem Milly Birkel, Memberen.


Mir géingen eis freeën all Leit aus der Gemeng Sëll op eise Manifestatioune begréissen ze kënnen.